Module 10

Accueil

Objectifs

Module 1

Module 2

Module 3

Module 4

Module 5

Module 6

Module 7

Module 8

Module 9

Module 10

Grammaire

Exercices

Resources

Contact



Le module 8 vous a présenté le vocabulaire nécessaire lors d'une visite chez soi ou chez des amis.

Le module 9 vous aide à réaliser la description d'une amie en intégrant le métier, la description physique, la vie de famille et d'autre concepts que nous avons déjà vus ensemble.

Meng Frëndin Chantal

D’Chantal ass Sekretärin. Hatt schafft an der Stad. Hatt ass bestuet an huet zwee Kanner. Säi Jong huet véier Joer an heescht Claude. Säi Meedchen, dat Sylvie heescht, ass eréischt zwee Joer al. Hatt erwaart säin drëtt Kand. Säi Mann ass Ingénieur. Hie schafft zu Esch.

D’Chantal steet ganz fréi op, tëscht halwer sechs a véierel bis sechs. Hatt hëlt e Bad a mécht Kaffi. Säi Mann steet eréicht ëm véierel op sechs op. D’Kanner stinn ëm siwen Auer op. D’Chantal wäscht si. Dann deet hatt si un. Hatt féiert si da bei seng Mamm, wou si Kaffi drénken. Seng Mamm féiert de Claude an d’Schoul a këmmert sech ëm d’Sylvie bis den Owend.

D’Chantal fiirt mam Auto op d’Gare. Da fiirt hatt weider mam Zuch op d’Aarbecht. An der Stad ass nämlech ze vill Verkéier. Fir ze parke(n) muss ee bezuelen an et ass guer net bëlleg.

Hatt schafft och nëmmen e puer Meter ewech vun der Gare an der Stad. Um néng Auer ass hatt um Bureau. Seng Kolleginne si meeschtens schonn do. De Kaffi ass prett. D’Chantal drénkt séier eng Tas Kaffi a fänkt un ze schaffen.

Hatt liest de Courrier an äntwert op e puer Bréiwen.

Hatt schéckt Faxen a rifft e puer Clienten un.

Hatt huet keng Zäit fir eng Paus ze maachen. Op der Aarbecht geet et net wéi an den Owescouren zu Attem.

Um Telefon schwätzt hatt virun allem franséisch an englesch.

Heiansdo schwätzt hatt och lëtzebuergesch, wat net ëmmer liicht ass. Ech si(nn) nämlech Lëtzebuerger, déi ganz séier schwätzen a guer keng Gedold a Versteesdemech hunn.

D’Chantal geet zwar an Owescouren, awer mat sengen zwee Kanner an den Iwwerstonnen, déi hatt dacks mécht, huet hatt keng Zäit fir ze léieren.

Mëttes ësst hatt meeschtens Schmieren oder Bréidercher am Bureau, awer hatt probéiert eemol an der Woch an eng Pizzeria oder an e Mac Donald iessen ze goen. Normalerweis huett hatt eng Stonn fir z’iessen, awer wann hatt um Bureau ësst, geet eng Véierelstonn duer.

Owes huet (oder: hëlt) hatt en Zuch um halwer sechs. Dacks fiirt hatt awer eréischt um sechs Auer oder nach méi spéit heem.

Am allgemenge fiirt hatt d’Kanner bei seng Mamm sichen. Wann hatt awer Iwwerstonne mécht, fiirt säi Mann si sichen.

Tëscht halwer aacht an aacht iesse se ze Nuecht.

Meeschtens kacht d’Chantal net selwer. Dat mécht seng Mamm. Wa säi Mann fréi genuch heemkënnt, kacht hien och heiansdo eppes Einfaches.

Nom Iesse maache si d’Spull zesummen. D’Chantal hätt awer gär eng Spullmaschinn.

Well d’Kanner nach ganz jonk sinn, gi si fréi an d’Bett.

D’Chantal a säi Mann kucken dann nach e bëssen d’Téle wa si net ze midd sinn a wann et wiirklech interessant ass.

Vocabulaire:

Lux : schaffen !
Fra : travailler 
En : to work 

Lux : heiansdo !
Fra : de temps en temps 
En : sometimes 

Lux : wiirklech !
Fra : réellement 
En : really 








1