/LU //FR
Leif Madame, Léiwen Här,
Hutt Dir Frënn a Kollegen déi Lëtzebuergesch léieren sollen oder wëllen?
Vill Leit hunn net genuch Zait fir Gruppe Coursen, well si ze beschäftegt mat der Aarbecht, Kanner a Famill sinn?
Wëllt Dir déi Lëtzebuergesch Sprooch fërderen?
Elo kënnt Dir och hëllefen!
Wéi? Et gëtt 2 konkret Manéieren:
- Volontaire ginn: zanter 2 Joer invitéiert Languages.lu alleguer all Mount op een Owend fir Lëtzebuergesch ze praktizéieren, all Kéier op enger mythescher Plaz an der Stad. Den Problem ass, datt ganz oft kee Mammesproochler/in dobäi ass. Dofir brauche mir Volontairen 3 Stonnen ee Mol pro Mount oder ee Mol pro Trimester, déi deelhuelen kënnen an esou eng grouss Contributioun maachen! Nächst Datumen: 14. Februar an 13. März. Méi Detailer kënnt Dir hei fannen. Sidd Dir interesséiert? Da schéckt mir en E-mail!
- Lëtzebuergesch kann och op eng spillereg Aart a Weis bäibruecht ginn. Et gëtt 6 Ressourcen déi d'Leit benotzen kënnen, déi awer net all ganz bekannt sinn. Dofir, kënnt Dir och eng instrumental Hëllef sinn, andeems Dir dës kleng Lëscht un Är Frënn a Kollegen weiderschéckt.