top of page
365 Days Luxembourgish_Cover EN_Clara Moraru HR.jpg

Déi becht Lëtzebuergesch Spréch


Luxembourgish Idioms

Déi becht Lëtzebuergesch Spréch

StartFragment

Firwat?


Ech hunn Déi becht Lëtzebuergesch Spréch fir zwee Grënn gemaach:

1. Éischtens

A menger Schoul, Languages.lu, hu mir gemierkt datt et zu Lëtzebuerg ganz gutt Grammären an akademesch Methode gëtt mä net genuch kreatif, visuell Methode mat deenen ee Lëtzebuergesch op eng spilleresch Art a Weis léiere kann. Ech mengen dat Spaass ganz wichteg ass fir méi séier ze léieren, a fir daat, wat mir geléiert hunn, besser ze verhalen...a manner schaffen ze mussen… dofir hunn ech Déi becht Lëtzebuergesch Spréch gemaach.

2. Zweetens

Ech sinn zënter 2015 Lëtzebuergerin an dës Spréch, souwuel wéi déi aner 5 Produkter déi ech entwéckelt a publizéiert hunn, sinn eng Kontributioun fir mäi neit Land, eng Art Cadeau.

Ech kennen den Auslänner hir linguistesch Erausfuerderungen och ganz gutt, a schaffen zënter 2004 mat hinnen.

Dofir wollt ech de Leit déi, wéi ech, op Lëtzebuerg kommen, hëllefen d’Lëtzebuergesch Sprooch a Kultur besser ze verstoen.


Fir wien?

Déi becht Lëtzebuergesch Spréch ass am Prinzip fir Erwuessener, awer et ass och flott fir Schoul-Kanner.

Et ass fir Leit déi schonn e bësse Lëtzebuergesch kennen an et ass eng groussarteg Method fir Kompetenzen ze entwéckelen an den Test fir d’Lëtzebuergesch Nationalitéit ze packen.

Fir Auslänner, déi scho gutt Lëtzebuergesch schwätzen, ass et och ganz wichteg. Et hëlleft hinnen d’Lëtzebuerger Kultur besser ze verstoen. Menger Meenung no, gi Sprooch a Kultur zesummen, si sinn d’Häerz vum Vollek.


Wéi benotze mir d’Kaarten?

Dës Kaarte sinn eng villsäiteg (komplett, komplex) Method fir d’Lëtzebuergesch Sprooch a Kultur ze léieren.

D’Leit léiere net nëmmen isoleiert Wierder, mä Säz an Ausdreck déi och d’Lëtzebuerger Kultur weisen.

Et gëtt 3 Mannéieren de Produkt ze benotzen:

  • Et kann een dess 55 Karten eleng benotzen,

  • Mat senger Famill a senge Frënn spillen

  • A vill Lëtzebuergesch Profen benotzen dës Kaarte schonn.

Wann eng Persoun eleng ass:

ka si d’Kaart huelen,

den Ausdrock liesen an d‘Illustratioun ukucken,

a probéieren d‘Bedeitung ze roden.

Wa si d‘Bedeitung net rode kann, da ka si d’Kaart ëmdréien an d‘Erklärung liesen.

Mat mei Leit, oder an engem Lëtzebuerger Cours, kann ee, spillen a leieren.

ZB, mir kucken eng Kaart zesummen:

- fir d’éischt, kucke mir d’Illustratioun ouni den Ausdrock ze liesen,

- duerno, muss eng Persoun d‘Illustratioun beschreiwen,

- d’näichst Persoun muss dann den Ausdrock roden.

- Wann daat net méiglech ass, ka si Froe stellen oder den Ausdrock liesen.

- Wann d’Persoun d’Bedeitung net erkläre kann da kann d’nächst Persoun probéieren.

- Wa kee se rode kann, da kann een d’Kaart ëmdréien an d’Erklärung liesen.

ZB

Ech kucken elo Kaart nummer 4.

Ech liesen den Ausdrock ``Sie verdroen sech wéi Hond a Kaaz``.

Duerno, kucken ech d‘Illustratioun a gesinn en Hond an eng Kaaz déi boxen.

Ech iwwerleeë mir waat dat bedeitet.

Wann ech et net verstinn, dréien ech d’Kaart ëm.

A liesen d‘Erklärung ``Sie verdroen sech guer net``.

Fir eng Sprooch richteg schwätzen a verstoen ze kennen, brauch e méi wéi Vokabular.

A fir dat ze verhalen wat mir geléiert hunn brauche mir méi wéi Répétilioun.

Languages.lu


Daniela (Clara) Moraru is a serial entrepreneur who set up companies in Romania, UK and Luxembourg, and an INSEAD certified independent director with expertise in Marketing & Communication. She holds an MBA from John Welsh College of Business, Sacred Heart University, with a double concentration in Marketing, respectively International Business, a certificate in Global Management from INSEAD and a Master in Management from Lucian Blaga University of Sibiu.

Ms Moraru is CEO of Group Moraru sàrl which runs Languages.lu, a language training centre specialized in tailor made courses for companies and individuals, as well as in language camps for children and teenagers during all school holidays. Since 2015 she has conceived and published 6 different learning resources to learn Luxembourgish, the last being a mobile App for iOS entitled 365 Days Luxembourgish.

In 2013, Ms Moraru has been recognized as “Woman inspiring Europe” by the European Institute for Gender Equality of the European Commission for her contribution to promoting inspiring female role models.

EndFragment

bottom of page